Stress a Wuelbefanne bei eise Fësch
F. MattierDeelen
Perséinlech mengen ech, datt e Fësch Gléck, Freed, asw. ka spieren.
Awer bis haut ass dat just meng Meenung, och wann d’Studien all Dag e bëssen an déi Richtung ginn.
Wéi ech mat der Aquariophilie ugefaangen hunn, goufen dës Froen iwwert de Res(s)enti vu Fëschen net emol gestallt. Dovun kënnt d’Mäerchen vun der « Goldfësch-Erënnerung », obwuel mëttlerweil nogewise gouf, datt Fësch kënne léieren, Instrumenter benotzen, sech Saache spieren, Gesiichter erkennen, asw.

Wat sécher ass, ass op mannst, datt Fësch Stress a Wuelbefannen empfinden.
Et ass och bekannt, datt exzessive Stress all Déier ka ëmbréngen.
Dat ass zu engem groussen Deel de Grond fir d’Fragilitéit vun de Fëschen am Aquarium. Hiert Liewen ass näischt aneschters wéi eng laang Rei vu Stressen: vun der Zucht iwwer d’Fang, de/d’Transport(en), de Buttek, d’Ukënnegung am Aquarium, duerno d’Liewen am Aquarium mat kënschtlecher Beliichtung, dem kënschtleche Kaméidi vu Pompen a Filteren, der Gefaangenschaft an engem klenge Volumen, dem enke Mateneeërliewe mat anere Spezies, an engem Dekor, deen éischter fir d’mënschlecht A gemaach ass ewéi fir e Fësch zefriddenzestellen.

Et sinn dës opgesammelte, an domat gëfteg Stressen, déi eis Fësch ultra-sensibel géintiwwer Parameteren, Parasiten, Temperatur, asw. maachen.
An der Natur kann e Fësch, deen op Ärer Ukonft flücht a sech an d’Déift erofstierzt, tëscht der Uewerfläch an ënnen a just enger Sekonn 6 Grad Temperatur verléieren! An dat ouni Probleem fir hien.
D’Erfarung mam Poubellarium beweist et: Fësch, déi nees a Kontakt mat der Natur kommen an erëm e Stéck a Wëllform liewe kënnen, ginn immens tolerant géintiwwer Bedéngungen, déi hinne sonstech am Aquarium fatal wieren.
Sonnenop- a -untergang si keen kënschtlechen a brutale Luuchten un/aus. Amplaz vu maximal zwee Mol den Dag mat industrielle Flacken ze giess kréien, jäizt de Fësch all Dag Dutzende vu verschiddenen Insekten a Larven, a vill verschidde Zorten. Dës onermiddlech Sich hält en beschäftegt.
Dacks trëbbegt Waasser berouegt en, well et en aus eisem Bléck verstoppt. Esou erënneren och deck Paroien drun, datt an der Natur nëmmen d’Uewerfläch transparent ass\!

Een kann also dovunner ausgoen, datt, wéi all déi aner Déieren, de méi ze héije Stress, deen d’Wuelbefannen reduzéiert, d’Quell vun de Schwächten a Verwonnbarkeete vum Fësch ass. Glécklech sinn ass gutt fir d’Gesondheet.
Et gouf nogewisen, datt e niddrege Stressniveau Freed bréngt, wärend en ze héije Niveau all Stress gëfteg mécht.
E Fësch, deen beim Akklimatiséiere stierft, nom Enn vun engem ustrengenden internationale Parcours, stierft a Wierklechkeet u Stress. An u näischt anescht.

Et ass Zäit, sech dëser Dimensioun bewosst ze ginn. Et ass fir eis Fësch vill méi effizient, hire Stress ze reduzéieren, wéi d’Chemiestasch ze huelen, fir d’Ëmfeld bal klinesch unzepassen.
E proppert Aquarium ass stresseg fir e Fësch. Hien langweilt sech doran.
Pompen an Filtratioun ewechzehuelen mécht säi Waassermilieu endlech e bësse méi roueg, wéi an der Natur. An virun allem, en mat natierlecher Mikrofauna ze fidderen, esou wéi et d’Natur virgesinn huet, mécht en iwwerglécklech\: Sich, Verfolgung, Opreegung, Goût, Gläichgewiicht a nahrungstechnesch Komplexitéit…
Et et net méi méiglech d’Fësch anescht ze gesinn wéi als empfindlech Wiesen, déi e Recht op Wuelbefannen hunn. An dat sollt eis dozou bréngen, d’Akwaristik-Praktiken nei ze iwwerdenken.

2 Bemierkungen
Je partage cette idée que nous ne ferons jamais mieux que la nature qui a l’expérience de plusieurs millions d’années d’évolution, où les organismes vivants ont coexisté ensemble pour atteindre une harmonie parfaite et subtile entre mutualisme, parasitisme et symbiose…
Nos petites certitudes et technologies arrogantes qui ont pour vocation de servir notre égo, ne sont rien à côté…
Bon sens, humilité et émerveillement… Nous avons tellement à observer et à apprendre !
Merci pour votre approche révolutionnaire du monde aquariophile
Il n’y a effectivement que peu d’études et articles sur leur capacité à ressentir, mémoriser et reconnaître.
Tout ce que je peux dire c’est que parmi mes quelques poissons certains sont particulièrement réactifs à ma présence dont un qui se rapproche systématiquement à la surface bouche ouverte pour recevoir une friandise. Il ne me fuit jamais au contraire. Notre peau est couverte d’enzymes, acides aminés, molécules diverses et variées qui dans l’eau doivent dégager quelque chose de particulier propre à chacun car selon qui met les mains dans l’eau, les poissons viennent ou pas.
Réflexe conditionné, capacité à ressentir des émotions, je ne sais pas, mais ce dont je suis certaine c’est qu’ils ont chacun leur personnalité et qu’ils peuvent faire preuve d’ingéniosité lorsque quelque chose les intéresse.
Mon petit chouchou se souvient peut-être que lorsqu’il est arrivé dans mon bassin c’était le plus timide et le plus chétif et que je lui mettais tout à coté de lui un peu de nourriture pour qu’il survive face aux autres qui le chassaient, car oui ils ont une hiérarchie dans leur groupe !
Aujourd’hui même si il reste le plus petit, il a fait sa place.